All episodes

5 Kulturhaiser

5 Kulturhaiser

26m 6s

De Jérôme Konen huet 34 Joer an ass säit 2015 Direkter vum Kinneksbond, dem Kulturzenter zu Mamer. An der Kulturzeen ass hie säit gutt 12 Joer aktiv. D’Karin Kremer gouf 1957 gebuer a war 15 Joer laang Directrice vum Mierscher Kulturhaus. Am Kulturberäich aktiv ass si zanter 1982 a bis haut. An dësem Episod schwätze si doriwwer, wat fir si e Kulturhaus ass a wéi een Optrag dës an eiser Gesellschaft erfëllen. Wéi eng Roll spillt Kultur fir eis mental Gesondheet a Krisenzäiten? Ass esou e Kulturhaus eigentlech eppes Elitäres? A wat hunn al wäiss Männer domat ze dinn?

4 Journalismus

4 Journalismus

36m 2s

D’Fanny Kinsch huet 29 Joer an ass zanter 5 Joer Journalistin bei RTL. De Robert Schneider huet 58 Joer, huet säin éischten Artikel fir d’Tageblatt mat 17 Joer geschriwwen, a bleift och haut – an der Pensioun – en treie Korrespondent fir d’Escher Zeitung. An dësem Episod schwätze si doriwwer, dass ee fréier als Journalist*in nach "quelqu’un" war a sech haut méi muss gefale loossen, dass de fréiere Lifestyle an deem Beruff seng Affer gefuerdert huet a wéi Schreiwen a Schwätze kann dobäi Hëllefen, de Misär vun der Welt ze verschaffen.

3 Architektur

3 Architektur

32m 56s

D’Anna Valentiny huet 31 Joer an ass zanter 5 Joer Architektin am Büro Valentiny Hvp Architects. De Martin Lammar huet 67 Joer an huet viru senger Pensioun, am Joer 2020, 41 Joer als Architekt geschafft – dovun 38 Joer a sengem eegene Büro Decker, Lammar & Associés s.a. An dësem Episod schwätze si doriwwer, wéi sech d’Aarbecht vun Architekt*inne vis-à-vis vum Klimawandel an der Digitaliséierung verännert huet. Gëtt haut manner individuell gebaut? A wéi ass et, wann e*ng Client*e haut scho virum Bau mat Hëllef vun engem 3D-Brëll an der zukünfteger Stuff ka stoen?

2 Enseignement

2 Enseignement

29m 0s

De Joé Lahos huet 27 Joer an ass säit sechs Méint Geschichtsproff am Lycée du Nord. De Charel Meder huet 56 Joer an ënnerriicht säit iwwer 30 Joer Däitsch am Kolléisch. An dësem Episod schwätze si doriwwer, wéi sech d’Aarbecht mat de Schüler*innen an deene leschte Jore vum Overhead bis bei d‘Digital Blackboard verännert huet. Si Bestrofungen nach zäitgeméiss? A fäert een haut als Enseignant*e op enger Meme-Säit op de soziale Medien ze landen?

1 Politik

1 Politik

29m 6s

D’Jessie Thill ass mat 26 Joer di jéngsten Deputéiert an der Chamber. De Mars Di Bartolomeo mat 69 Joer ee vun deenen eelsten. An dësem Episod schwätze si iwwer d’Aarbecht als Politiker*innen, d’Wichtegkeet vun enger Work-Life-Balance, Diversitéit an der Chamber an doriwwer, wéi si vun anere wouergeholl ginn – och emol als léif Maischen oder als ale wäisse Mann.